Eechternoach

Stellungnam vun der DPE zum Shopping Projet

Stellungnam vun der DP Eechternoach zum Prinzippie-Vott zum Shopping Echternach Projet

Et muss eppes geschéie wa mer lechternach als Geschäftsstad erhale wellen an di eidelstoend Geschäftsflächen nees felle wellen. An der Gemengerots-Sitzung vum 14.11.22 stoung e Prinzippie-Vott zum Shopping Echternach Projet um Ordre du jour. De Schäfferot huet präziséiert dass et bei desem Vott an enger eischter Phase drëm geet fir Virverträg mat Marken ze ennerschreiwen dei interesséiert sinn op lechternach ze kommen. No enger intensiver interner an externer Consultatioun, huet d’DP Fraktion an dëser Gemengerots-Sitzung, virum Prinzippie-Vott, eng Motion ofstëmme gelooss, déi eng Rei Garantie beinhalt, déi fir d’DP Viraussetzunge fir dëse Shopping Projet sinn. Dat sinn e.a.:

  • d’Abannen an den aktive Rôle vun der lokaler Union commerciale etartisinale,
  • e Marketing-Konzept den de ganzen Eenzelhandel abënnt, ouni Zousazkäschte fir di bestoend Geschäfter,
  • eng komplementar Offer u Geschäfter dei keng manifeste Konkurrenz fir di bestoend Geschäfter duerstellt an déi och de lokale a regionalen Handel ferdert,
  • eng moderniséiert an accessibel Infrastruktur ronderëm ‘Geschäftsstroosen (notamment Parkingen an eng reamenagéiert Halergaass),
    eng Offer u Pop Up Storë soulaang de Projet net steet.

Dei majoritär Zoustämmung zu dèser Motion an den domat verbonnenen Engagement vum Schäfferot fir des Viraussetzungen emzesetze ware fir d’DP d’Conditio sine qua non fir de Prinzippie-Vott kenne matzedroen.

Dëse positive Prinzippie-Vott huet d’DP-Conseilleren net dru gehënnert, fir dem Schäfferot eng Rei weider Remarken a Mise en garde mat op de Wee ze ginn:

  • – fir Acceptanz an lechternach ze kréien, muss de Shopping Projet der Effentlechkeet virgestallt ginn;
    et muss eng Mindestzuel un eidelstoende Geschäftsflächen (m2) matmaache fir dass de Proiet sech droe kann – des ass aktuell na
    wait net erreecht;
  • d’Gemeng muss kucken, seng investéiert Suen zréckzekréien, doriwwer eraus awer net zum „Geschäftsmann” ginn;
  • di 2 aner Piliere vun der Stad lechternach – Kultur an Tourismus – musse mat agebonnen an opgewäert ginn:
    • d’Prioritéit op Outdoor- a Sportartikele passt bei d’Regioun a fellt eng Lück an der Offer déi et sät laangem net méi gëtt,
    • d’Kultur an eis Geschicht mussen am Kader vum adaptéierte Marquise Projet opgewäert ginn;
  • dat ganzt Konzept muss juristesch gepreift a professionell (notamment mat Marketing- a Logistikkonzept) opgestallt a suivéiert ginn.

De Shopping Projet kann eng Plus-Value fir d’Stad lechternach sinn, Aarbechsplaze schafen an zur Liewensqualitéit vun den Awunner bäidroen. Bis dèsen effektiv Realitéit ka ginn, bleift awer nach e Wee ze maachen. D’DP waert de Proiet weiderhi kritesch awer konstruktiv suivéieren.

Eine deutsche Übersetzung der Stellungnahme zum Shopping Projekt wurde als PDF hinzugefügt.

Une version française de la prise de position sur le projet Shopping a été attachée en PDF.

Um português A tradução da declaração sobre o projecto de compras foi acrescentada como PDF.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp