Sie sind hier

Skulptur als Hommage un d'Sprangprozessioun

Gemeng Carole Hartmann

Op Péngschtdënschdeg soll um Vulpert virun der Basilika eng Skulptur als Hommage un d'Eechternoacher Sprangprozessioun vum Schäfferot ageweit ginn. Och wann di lokal DP Sektioun all Mise en valeur vun eisem immaterielle Kulturierwe vun der Unesco begréisst, sou hunn sech awer eng ganz Rei u Froe gestallt, déi engersäits an enger Question parlementaire urgente un d'Kulturministesch an anerersäits a Froen un de Schäfferot opgeworf gi sinn. D'Kulturministesch huet direkt geäntwert.