Sie sind hier

Verkéier a Parkplaze ronderëm d’Moartplaz

Gemeng Carole Hartmann Marcel Heinen

Den 29. Abrëll 2019 war am Eechternoacher Gemengerot d’Spärung vun der Moartplaz an de Summerméint (15.7.-15.9) um Ordre du jour. D’DP-Fraktioun war domat averstanen, dass de Moart iwwer de Weekend gespaart gëtt, huet awer d’Spärung an der Woch, net ënnerstëtzt, well se 2018 bei de Leit – egal ob Resident’en, Net-Resident’en oder och Touriste – éischter zu Konfusioune gefouert huet. D’DP huet sech dowéinst fir eng eenheetlech Léisung – also enger Spärung an der Summerperiode all Weekend zu de selwechten Zäite – ausgeschwat.

 

Doriwwer eraus hunn d’Carole Hartmann a Marcel Heinen zwou aner Idéen opgeworf, wéi de Verkéier an Zukunft op der Moartplaz soll gereegelt ginn:

 

  • Esou laang, wéi den Innerorts-Contournement laascht de Cactus an de Morgenstern erof nach net fäerdeg ass, kéint op der Moartplaz e Sens unique a Richtung Stad, wéi en dee Moment - an aktuell nach - wéinst de Chantier’en an der Route de Luxembourg besteet, bäibehale ginn, a parallel dozou zousätzleche Parkingen op der Säit vun der Post agezeechent ginn ;

 

  • Wann den Innerorts-Contournement bis fäerdeg ass, kéint d’Moartplaz zu engem Shared Space ginn, wou an enger 20er Zone Foussgänger, Vëlosfuerer an Automobilisten sech an engem verkéiersberouegte Beräich begéinen a géigesäiteg respektéieren.

 

Den CSV/LSAP-Schäfferot huet entretemps d’Idée vun den DP-Vertrieder vun engem Sens unique mat zousätzleche Parkingen op der Moartplaz opgegraff an souwuel am Gemengerot vum 23. September 2019, wéi och an de "Wirtschaftsgespräche" mam Geschäftsverband de 7. Oktober 2019 iwwerholl. D’DP-Fraktioun begréisst dass de Schäfferot d’DP-Suggestioun iwwerholl huet a waart elo drop, dass des Mesure am Budget 2020 ofgeseent an am Laf vum nächste Joer ëmgesat gëtt.