Sie sind hier

Aus dem Gemengerot vum 23.4.2018

Gemeng

2 Froe vun der DP zur Owesspärung vum Moart :

1) Fro CH: kee weess dass de Moart owes zou ass, d’Beschëlderung ass net visibel, et misst een eis Bierger besser a méi doriwwer informéieren. 

Äntwert YW : et sinn Schëlter do, ech kann näischt derfir wann d’Leit hire Code de la Route net kennen, da sinn se selwer schold.

Remarque CZ: et sollt op d’Panneau’en an der Entrée vun Iechternach stoe kommen.

2) Fro CH: d’Spärung dierft réicht um Moart selwer ugoen, fir dass d’Leit d’Parkingen tëschend der Knepperkräizung an dem Pawee kenne benotze.

Äntwert YW: dat ass net esou geduecht. Soss missten d’Leit just virum Moart dréinen, dofir ass keng Platz.

Remark MP a CZ : mengen net dass dat néideg ass. Um 19h ass de Parking A Kack net voll