Sie sind hier

Aus dem Gemengerot vum 11.06.2018

Gemeng

Déi extrem Wiederkonditiounen an d‘Héichwaasser vun de leschten zwou Woche waren Haaptsujet am Eechternoacher Gemengerot vum 11.6.18. De BGM huet d‘Schied déi et bei eis, virun allem duerch d‘Lauterburer Baach an der rue des Romains bis op de Rabatt goufen, presentéiert. D‘DP an Déi Gréng hunn ervirbruecht, dass d’Bierger net mat der Kommunikatioun vun der Gemeng zefridde waren. An Zukunft missten d‘Leit iwwer den Internet-Site vun der Gemeng, iwwer d‘sozial Medien an eventuell iwwer SMS to citizen iwwer esou exceptionnel Evenementer informéiert ginn. Fir d’DP däerf et och elo net beim Constat vun den Onwiedere bleiwen. D’Carole Hartmann huet proposéiert d’Héichwaasserkonzept ze iwwerschaffen. Niewent der Sauer, mussen och eis Baache consideréiert ginn. Méiglech Mesuren, z.B. Renaturéierung, Retentiounsbasengen, Bëscher propper maachen, de Séi als zousätzleche Retentiounsvolumen, etc. solle mat eisen internen an externen Experten, am Gemengerot, an och an enger Informatiounsversammlung mat den Eechternoacher Bierger diskutéiert ginn.